• CoLab Physique – Approche pédagogique en 1ère GIG et modalités d'examen.
  • CoLab: Mathématiques ESC - Programmes des classes supérieures B, C, D, I
  • CoLab: Chimie GSN - Progression pédagogique
  • Nei Mataarbechter fir de Projet Plan d‘études gesicht
  • CoLab "Mathématiques 5AD"
  • CoLab "Sciences sociales 5AD"

Wëllkomm

Häerzlech wëllkomm um offizielle Site vun der Entwécklung vu Programmer a Léierpläng fir d’formal Bildung zu Lëtzebuerg.
Hei fannt Dir Informatiounen, Ressourcen, Neiegkeeten, Orientatioun an Ënnerstëtzung bei alle Froen,
déi d’Curriculumsentwécklung zu Lëtzebuerg betreffen.

Eneignement fondamental  Enseignement secondaire

Wie si mir?

''

D’Divisioun vun der Curriculumsentwécklung ass e Service vum SCRIPT, dem Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zu Lëtzebuerg.

Der Curriculumsdivisioun hir Missioune ginn am Gesetz iwwert de SCRIPT vum 14. Mäerz 2017 am Artikel 4 definéiert.  Zu de Missioune gehéiert et:

  • d’Aarbecht vun den nationale Programmkommissioune vum Enseignement fondamental a secondaire ze ënnerstëtzen an ze koordinéieren;
  • d’Projeten, déi d’Aussschaffen a Weiderentwéckele vu Programmer am Fondamental an am Secondaire betreffen, ze koordinéieren, ze ënnerstëtzen an ze evaluéieren. D’Curriculumsdivisioun sëtzt Aarbechtsgruppen en place, deenen hir Membere vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend nominéiert ginn. Si suergt fir den Encadrement, de Fonctionnement, déi noutwenneg Ressourcen an de methodologeschen Appui vun dësen Aarbechtsgruppen.
  • D’Curriculumsdivisioun schafft mat der Universitéit Lëtzebuerg zesummen a kollaboréiert mat nationalen an internationale Partner, déi d’Programmentwécklung an hire Missiounen hunn.
     

Contactez-nous

Données de contact