Am Schouljoer 2021-2022 hat d'Divisioun vun der Curriculumsentwécklung vum SCRIPT en Opruff un d’Schoulen uechtert Land gema fir d’Kanner aktiv um Consultatiounsprozess ronderëm en neie Plan d’études kënnen ze bedeelen. Enseignanten aus dem Cycle 3 a 4 hu sech doropshin mat hirer Klass konnte mellen fir ee Workshop vun ca. 2 Stonnen, an deenen d’Mataarbechter vun der Currriculumsdivisioun mat de Kanner iwwer hir Virstellungen a Wënsch zur Schoul diskutéiert hunn. 15 Klassen hunn bei der éischter Oplo vun de Kanneratelieren matgemaach. D’Atelieren mat de Kanner goufen dann am Schouljoer 2022/23 weidergefouert, hei goufen 14 Atelieren tëscht Januar a Mäerz 2023 organiséiert. D’Divisioun huet, wéi am Schouljoer virdrun, Klassen aus dem Cycle 3 a 4 besicht, fir mat hinnen iwwer hir Erwaardungen un d’Schoul an un de Curriculum vun der Schoul ze schwätzen. Zousätzlech dozou hunn och aacht Klassen aus véier nationalen Kompetenzzenteren (Centre pour le développement intellectuel, Centre pour le développement des compétences relatives à la vue, Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel an Centre de Logopédie) partizipéiert.
Insgesamt goufen 29 Kanner-Atelieren am Kader vum Projet Plan d'études organiséiert an mat ronn 350 Kanner geschwat.
D’Kanneratelieren am Schouljoer 2022-2023
Am Schouljoer 2022-2023 goufen insgesamt 14 Schoulklassen besicht.
Fir d’Reegelklassen gouf dës Kéier a verschiddenen Regionaldirektiounen, wou nach keng Atelieren mat Schoulklassen stattfonnt haten, cibléiert no interesséierte Klassen gesicht. Stattfonnt hunn hei insgesamt sechs Atelieren mat engem Cycle 3 oder Cycle 4 a sechs verschiddenen Direktiounen:
- 1 Klass an der DR 04 – Differdange
- 1 Klass an der DR 05 – Sanem
- 1 Klass an der DR 06 – Esch-Alzette
- 1 Klass an der DR 07 – Dudelange
- 1 Klass an der DR 13 – Redange
- 1 Klass an der DR 14 – Diekirch
Donieft gouf de Kontakt mat den aacht Centres de compétences gesicht, fir och hei d’Kanner ëm hir Meenungen ze froen. Et goufen hei insgesamt aacht Atelieren a véier Kompetenzzenteren gehalen:
- 2 Atelieren am CDI (Centre pour le développement intellectuel)
- 2 Atelieren am CDV (Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
- 2 Atelieren am CEJHP (Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel)
- 2 Atelieren am CL (Centre de Logopédie)
Verdeelung vun den Atelieren mat de Kanner (2021/2022 & 2022/2023)
Geographesch an zueleméisseg Verdeelung vun den 29 Atelieren mat de Kanner (inkl. Centres de compétences):
- 3 Klassen an der DR 01 – Luxembourg (21/22)
- 8 Klassen an der DR 02 – Mamer (21/22 & 22/23)
- 1 Klass an der DR 03 – Petange (21/22)
- 1 Klass an der DR 04 – Differdange (22/23)
- 3 Klassen an der DR 05 – Sanem (22/23)
- 1 Klass an der DR 06 – Esch-Alzette (22/23)
- 0 Klassen an der DR 08 – Bettembourg
- 0 Klassen an der DR 09 – Remich
- 3 Klassen an der DR 10 – Grevenmacher (21/22)
- 1 Klass an der DR 11 – Echternach (21/22)
- 3 Klassen an der DR 12 – Mersch (21/22)
- 1 Klass an der DR 13 – Redange (22/23)
- 2 Klassen an der DR 14 – Diekirch (22/23)
- 1 Klass an der DR 15 – Wiltz (22/23)
Insgesamt huet d’Divisioun fir Curriculumsentwécklung 21 Reegelklassen besicht mat engem Fokus op de Cycle 3 an Cycle 4, eng Klass war aus dem Cycle 2.1 (dëst war een Pilot fir ze kucken, wéi gutt d’Format mat deene méi jonken Kanner funktionéiert. Fir de Recht loung de Fokus um C3 an C4).
Fir d’Atelieren an de Centres de compétences léisst sech de Cycle net esou genau erauskristalliséieren, well fir de Moment vum Atelier oft verschidde Cyclen zesummebruecht gi sinn. Och hei loung de Fokus awer op engem Cycle 3 a 4 an do, wou et Sënn gemaach huet, konnten och Cycle 5 a 6 matmaachen.
Den inhaltleche Fokus vun den Atelieren
D’Kanner haten d’Méiglechkeet, sech en Gros zu deene selwechten Theemen ze äusseren ewéi de Bildungsberäich:
- Visioun
- Méisproochegkeet
- Iwwergäng
- Evaluatioun
- Transversalitéit
- Formal an non-formal Bildung
D’Theemen si kandgerecht opbereet ginn an ënnerhalb vun 2 Schoulstonne mat de Kanner diskutéiert ginn. D’Atelieren goufen vun zwee Mataarbechter vun der Curriculumsentwécklungsdivisioun vum SCRIPT organiséiert an encadréiert. An de Centres de compétences gouf d’Léierpersonal méi staark an d’Organisatioun an d’Duerchféierung vum Atelier mat abezun.
Et goufen e.a. folgend Froen an de Atelieren mat de Kanner diskutéiert:
- Wat waren Deng schéinsten Erliefnesser an der Schoul?
- Firwat geet een Denger Meenung no an d’Schoul? Firwat gees Du an d’Schoul?
- Wéi stells Du Dir d’Schoul vun der Zukunft vir?
- Wat fënns Du (net) gutt an der Schoul? Wourop frees Du dech (net) an der Schoul?
- Wat géifs Du gäre léieren? Wann s Du kéins décidéieren, wat nach zousätzlech an der Schoul geléiert misst ginn, wat wier dat?
- Wéi kënne mir d’Schoul besser maachen?
- Wat stells Du Dir vir, wat nom Fondamental kënnt? Wéi stells Du Dir de Lycée vir?
- Fills Du dech prett fir de Lycée? Wa jo, firwat? Wa nee, firwat net?
- Firwat ginn et Denger Meenung no Tester a Prüfungen?
De Rapport vun den Atelieren mat de Kanner
Den Inhalt vun alle Rapporte stellt eng Basis duer, op där weiderféierend Diskussioune ronderëm de neie Plan d’études kënne gefouert ginn. Nodeems déi vill verschidde Stëmmen gehéiert goufen, wäert et an engem zukënftege Schrëtt dorëms goen, d’Konzept an den Inhalt vun engem neie Plan d’études a méiglecherweis vun engem lëtzebuerger Curriculum ganz konkret unzedenken.
De Rapport vun all den Atelieren mat de Kanner, déi tëschent Juni 2022 an Mäerz 2023 gehalen goufen, ass elo disponibel.