CoLab 5 “Méi Transversalitéit am Plan d’études?” (November 2022)
De fënneften CoLab-Workshop mam Bildungsberäich iwwert d'Theema “Méi Transversalitéit am Plan d’études?” huet den 24. November en présentiel zu Walfer an den 29. November online iwwer Teams stattfonnt. Fir déi zwee Deeg waren insgesamt 210 Participanten aus dem Bildungsberäich zougelooss. Ugemellt hate sech 194 Participanten (ouni d’Waardelëscht) a schlussendlech hunn 138 Participanten de Wee an déi zwee CoLab-Workshops fonnt. 67% vun de Participanten war Léierpersonal aus dem Fondamental, 9% edukatiivt/psychosoziaalt Personal aus de Kompetenzzentren an 19% Enseignanten aus dem Secondaire. Zu de weidere Participanten gehéieren e. a. Vertrieder aus dem MENJE. Déi zwee CoLab-Workshops goufe vun der Divisioun vun der Curriculumsentwécklung vum SCRIPT encadréiert, déi d’Participanten no enger Introduktioun fir déi aktiv Diskussioun a méi kleng Gruppen invitéiert huet, fir e ganzheetleche Bléck op d’Theema ze werfen.
E Bléck op d’Theema vun dësem CoLab-Workshop (Introduktioun vum SCRIPT)
Et ass eng faarweg Palett un Theemen, Projeten, Initiativen a Konzepter, déi schonn haut, all Dag an a nieft de Schoulfächer an de Lëtzebuerger Grond- a Sekundarschoulen ëmgesat gëtt fir d’Entwécklung vun transversale Kompetenzen bei Kanner a Jugendlechen ze fërderen.
Haut den Owend schwätzen mir iwwer Léiererliefnisser, déi an der Schoul oder baussent der Schoul als Schoulaktivitéite stattfannen. Et sinn déi Léiermomenter, déi de Kanner an eis Erwuessener am Réckbléck net seelen als déi prägenst a schéinste Schoulmomenter am Gedächtnis bleiwen. D’transversaalt Léieren ass e vaste a faarwegt Feld, wat beim Kand a Jugendlechen an der Regel ganz positiv konnotéiert ass, wéi folgend Ausso aus der Fachliteratur bestätegt:
“Ein im Ganzen positives Bild fächerübergreifenden Lernens zeigen auch die Reaktionen der Lernenden, die sich vor allem für die Lebensnähe fächerübergreifender Themen und die selbstständigen Arbeitsformen erwärmen” (Caviola et al. 2011: 13).
Zwee Kennzeechen vun transversalem Schaffen kënne mer do zréckbehalen: D’Liewensnooheet, den Accent läit theematesch op gesellschaftlech relevanten, alldagsnoe Problemstellungen an d’selbststänneg a kollaborativ Aarbechtsformen vum transversalen Unterrecht.
Den Titel vun dësem CoLab ‘Méi Transversalitéit am Plan d’études?’ ka mat Bléck op de Begrëff ‘transversal’ des Kéier abstrakt gewierkt hunn. ‘Transversal’ heescht an eisem Kontext sou vill wéi ‘querleiend’ zu de klassesche Schoulfächer. Dat kann um Niveau vun de Fächer bedeiten: am fachgebonnenen Unterrecht méi transversal Theemen behandelen. Dat kënnen Theemen a Beräicher sinn wéi Data literacy (den Ëmgang mat Daten), media literacy (den Ëmgang mat Medien), financial literacy (Bildung am Ëmgang mat Finanzen) – dat kann och Entrepreneurship sinn (deen um Niveau Fondamental ka bedeiten, Responsabilitéit ze iwwerhuelen an engem Projet z. B.), dat kënnen Theemen wéi Nohaltegkeet sinn, an dat kënnen aner Theeme sinn, déi an engem konkrete Fach mat där Fachperspektive kënne behandelt ginn, awer duerchaus als Theema doriwwer eraus reechen. Transversal kann och bedeiten, dass Perspektiven a Methoden aus méi Fächer kënne verbonne ginn an interagéieren. An ‘Transversal’ kann heeschen: ausserhalb vum Fach, kengem Fach zouzeuerdnen (vgl. Scharnhorst/Kaiser 2018: 17).
Fir dëse CoLab schloe mir vir, d’Definitioun vu Cole a Bradley 2018 ze notzen, déi d’Transversalitéit ganz allgemeng definéiert hunn als ‘e Prozess, an deem Wäerter, Iddien, Sproochen, Konzepter an Approchen matenee interagéieren a sech iwwer kulturell an disziplinaresch Grenzen ewech beweegen’ (vgl. Cole/Bradley 2018).
Mir wëllen haut mat Iech iwwer all déi Unterrechtsformen, Unterrechtstheemen a Momenter an der Schoul diskutéieren, déi sech iwwer d’Grenz vum klassesche Fächerkanon erausbeweegen. Wéi sinn se zäitlech a räimlech organiséiert? Wou fanne se Plaz am Stonneplang? Wéi ee Methodekoffer gëtt genotzt? Wéi eng Unterrechtsziler viséiert den transversalen Unterrecht a wéi ee Stellewäert hunn transversal Theemen momentan am Plan d’études?
Mir schwätzen iwwer eng sëllech Initiativen an der Schoul, iwwer Projeten, Projetsdeeg, Projetswochen, iwwer Schoulexkursiounen, dauerhaft Konzepter vu fächeriwwergräifendem Unterrecht an transversal Theemen am Fachunterrecht.
Am CoLab interesséieren eis konkret déi folgend Froen:
- Wéi verstinn a liewen mir de Begrëff ‘Transversalitéit’ am Lëtzebuerger Schoulalldag?
- Wéi eng transversal Schlësselkompetenzen misst de Plan d’études fërderen?
- Wéi eng Plaz sollt d’Evaluatioun hei hunn?
- Wat si Krittäre vun engem gudden transversalen Unterrecht?
- Wou a mat wéi enge Methode gëtt schonn transversal geschafft?
- Wou leien d’Limitë vum transversale Léieren an der schoulescher Ëmsetzung?
Fir dem Theema vun dësem CoLab ‘Méi Transversalitéit am Plan d’études?’ méi no ze kommen, stellen mir Iech aus där Bandbreet u méiglechen Theemen a Projeten an engem éischte Schrëtt véier Beispiller vir, déi déi verschidden Aspekter vum Schlagwuert ‘transversal’ fir d’Lëtzebuerger Grondschoul veranschaulechen kënnen: Dir wäert elo méi gewuer ginn iwwer e ‘Piano’ an der Schoul, iwwer de Schoulhond Frodo, den Outdoor Learning zu Iechternach an Theaterprojeten an der Schoul. Um Schluss vum Virtrag wäerte mir och nach e klenge Roboter, den Ozobot, begéinen.
Dës Impressiounen si just ee klengen Ausschnëtt dovunner, wat all Dag uechtert Land realiséiert gëtt. Si illustréieren, dass et zur Komplexitéit vum Sujet, deem mir eis haut zesummen unhuelen, dozou gehéiert, dass een thematesch a realisatoresch an all Richtunge geet.
Déi vollstänneg Introduktioun vum CoLab-Workshop, d’Präsentatioun an d’Literaturverzeechnis fannt Dir hei.
CoLab am Présentiel – De Fokus vun den Atelieren
Am CoLab-Workshop, deen en présentiel zu Walfer stattfonnt huet, hunn d’Participanten sech no der Introduktioun vum SCRIPT an dräi theematesch verschidden Atelieren verdeelt an doriwwer diskutéiert, wéi si zu verschiddenen Aspekter vun der Transversalitéit stinn. Déi verschidden Atelieren haten zum Zil, d’Theema op ënnerschiddlech Aart a Weisen ze beliichten a méiglechst diversen Input ze kreéieren, fir d’Gesamtbild kënnen ze erfaassen.
- Atelier A – Transversal Kompetenzen fir den EF & ES
- Atelier B – Transversaalt Schaffen am Schoulalldag
- Atelier C – Projeten & Initiativen an der Schoul
All Atelier gouf vu jeeweils zwee Mataarbechter aus der Divisioun vun der Curriculumsentwécklung begleet, déi moderéiert an den Input festgehalen hunn. Ënnert anerem gouf iwwert folgend Froestellungen diskutéiert:
- Wéi eng transversal Kompetenzen sollten d’Kanner (weider)entwéckelen?
- Wéi misst de Plan d’études sinn, fir transversal Kompetenzen (besser) ze fërderen?
- Wat sinn déi gréissten Stolpersteng a wat ass déi gréissten Hëllef fir d’Ëmsetzung vun (méi) Transversalitéit?
- Notéiert wgl. ee Praxisbeispill vun transversalem Schaffen an uerdnet dës op engem Strahl vun ‘manner transversal’ bis ‘méi transversal’
- Definitioun – Wat verstidd Dir ënner ‘transversalem Schaffen’?
- Wat sinn Stolpersteng a méiglech Léisungsusäz bei der Ëmsetzung vun transversalem Schaffen?
- Wouranner gesidd Dir d’Potenzial a wouranner d’Limitten vum transversalen Schaffen? (Léieren vum Schüler, wat kann een tranversal erschaffen a wat net, Domainer vum Plan d’études, (net) gefërderten Kompetenzen,...)
- Bestandsopnam: Wéi eng Projeten an Initiativen hutt Dir schonn mat Äre Klassen gemaach? Wéi hutt Dir dës gemaach a firwat hutt Dir se gemaach? Wou goufen d’Schüler evaluéiert? Wéi eng transversal Kompetenzen sinn geübt ginn? Wat waren d’Stolpersteng?
- Zukunft: Wat brauch et fir mat esou Projeten an Initiativen ze schaffen? Wéi eng Fächer bidden sech besonneg dofir un? Wéi kann de Plan d’études an de PDS hëllefen? Wéi soll evaluéiert ginn? Wéi wichteg sinn extern Acteuren?
CoLab online – De Fokus vun den Diskussiounen
Den 29. November 2022 hunn d’Participantë vum Online-CoLab op Basis vun fënnef groussen Iwwerfroen iwwer d’Theema ‘Méi Transversalitéit am Plan d’études?’ diskutéiert. Op Basis vun den Erfarungen aus de CoLab-Workshops virdrun gouf sech fir dës Démarche entscheet, de Participanten vum Online-CoLab déi selwecht Basisfroen ze ginn a si net méi an theematesch ënnerschiddlech Atelieren anzedeelen. D’Participanten goufen no enger Introduktioun a ‘Breakout-Rooms’ geschéckt, wou si zu 3-5 Leit waren, déi zesummen ee Word-Dokument mat deene fënnef groussen Iwwerfroen diskutéiert an ausgefëllt hunn. Den Online-Workshop gouf vu sechs Moderateuren aus der Divisioun vun der Curriculumsentwécklung vum SCRIPT encadréiert. Dës Moderateuren hunn de Participanten Hëllefstellung bei Froen a Problemer ugebueden, waren allerdéngs net aktiv bei den Diskussiounen dobäi an hunn dës deementspriechend och net moderéiert oder notéiert. D’Participanten hunn hiren Input am Word-Dokument festgehalen an dëst Dokument de Moderateuren weidergeleet. All Grupp huet déi selwecht Froen diskutéiert:
- Wat verstitt Dir an Ärem Grupp ënnert dem Begrëff “Transversalitéit”? Diskutéiert fir eng gemeinsam Ausgangsbasis fir Är uschléissend Diskussioun ze hunn
- Wéi eng transversal Kompetenzen sollen d’Kanner weiderentwéckelen?
- Opbauend op Ären Erfarungen am Klassesall:
- Wéi kann een transversal schaffen? (Beispiller, Brainstorming, Formater, Momenter,...)
- Wou, wéini a firwat...
- ...ass Transversalitéit fërderlech / néideg?
- ...ass Transversalitéit net gëeegent?
- Wat sinn d’Krittären vun engem gudden transversalen Unterrecht?
- Wéi gesäit eng sënnvoll Evaluatioun vun transversalen Kompetenzen aus?
- Aus der Diskussioun ronderëm Theema eraus: Wat fir Verännerungen wënscht Dir Iech als Grupp am Plan d’études (Domaines,...) oder an der Schoulorganisatioun (PDS,...) kuerz- a mëttelfristeg a punkto Transversalitéit? Wéi eng Platz soll d’Transversalitéit an der Schoul vun der Zukunft hunn?
- Är wichtegsten Punkten: Kuckt wgl. nach eemol gemeinsam iwwert d’Dokument a markéiert déi Punkten, déi Ärer Meenung no besonnesch wichteg oder prioritär sinn
De Rapport vum CoLab-Workshop
D’CoLab-Workshops ronderëm de Projet “Plan d’études” gi vun der Divisioun vun der Curriculumsentwécklung vum SCRIPT encadréiert, déi den Input sammelen an dono an ee Rapport zesummefaassen, deen op www.curriculum.lu publizéiert gëtt. Den Inhalt vun dëse Rapporte stellt eng Basis duer, op där weiderféierend Diskussioune ronderëm de neie Plan d’études kënne gefouert ginn. Dofir ginn dës Rapporte u verschidde Partner geschéckt, fir hiren Avis zu de gesammelten Inputs ze froen. Nodeems déi vill verschidde Stëmmen gehéiert goufen, wäert et an engem zukënftege Schrëtt dorëms goen, d’Konzept an den Inhalt vun engem neie Plan d’études a méiglecherweis vun engem lëtzebuerger Curriculum ganz konkret unzedenken.
De Rapport vun dësem CoLab-Workshop ass elo disponibel.