Déi digital Plattform www.plandetudes.lu geet an eng nei Etapp: No der éischter Phas fir d'Léierpersonal ass d'Plattform säit dem 14. September 2026 och fir de Grand Public accessibel. Jiddereen huet elo d'Méiglechkeet, sech en detailléierten Abléck an den neie Léierplang vum Enseignement Fondamental ze verschafen.
Fir d'Schouljoer 2026/27 gëtt dëse Léierplang fir d'éischt just an de Cyclen 1 an 2 ëmgesat, ab der Rentrée 2027/28 gëllt en och fir d'Cyclen 3 an 4.
Wat ass d'Plattform?
Op der Plattform fannt Dir déi sechs Entwécklungs- a Léierberäicher, d'Niveaux socle an d'Niveaux avancés vun de verschiddene Cyclë souwéi déi transversal Themefelder an engem modernen, digitalen Ëmfeld.

Wat fënnt d'Léierpersonal do?
Nieft dësen Informatioune bitt d'Plattform dem Léierpersonal mathëllef vum IAM-Login eng Rei vu prakteschen an didaktesche Ressourcen.
Dozou gehéieren ënner anerem:
- Referenzinhalter zum Léierplang
- Aufgaben- a Praxisbeispiller
- Pedagogesch an didaktesch Impulser
- Hëllefsmëttel fir d'Ëmsetzung am Unterrecht
D'Zil vu plandetudes.lu ass et, de Léierplang als interaktiivt, transparent a praxisbezunnt Instrument zougänglech ze maachen. D'Plattform ënnerstëtzt d'Léierpersonal bei der Planung an Ëmsetzung vum Unterrecht a bitt gläichzäiteg dem Grand Public e besseren Abléck an d'Orientatiounen an d'Entwécklung vun der Schoul.
Mir invitéieren Iech, déi nei Plattform ze entdecken an d'Inhalter kennenzeléieren.
Mir freeën eis iwwer Äre Feedback!


