“En Equiliber fannen tëscht curriculärer Stabilitéit an Ouverture a Richtung Schlësselkompetenzen” (Interview mam Pierre Stockreiser - OEJQS)

De Pierre Stockreiser vum “Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire” (OEJQS) huet de Keynote-Speech beim éischte CoLab zum Theema “D’Profil vum Jonken 2040” gehalen – dëst am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Programmer am Secondaire. Firwat Adaptatioune néideg sinn a wat d’Schoul de Jonken soll fir d’Welt vu muer mat op de Wee ginn, dat erklärt den Observateur am follgenden Interview.

Här Stockreiser, Dir sidd “Observateur” beim “Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire” (OEJQS). Awéiwäit sidd Dir an dëser Funktioun bzw. den OEJQS am Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire involvéiert?

Den Observatoire huet d’Missioun, d’Situatioun vun de Kanner a Jonken zu Lëtzebuerg, an d’Qualitéit vun de Systemer, déi dagdeeglech op si wierken, ze analyséieren a besser ze verstoen. Eis Roll ass déi vun engem onofhängegen an eegestännege Beroder, mat enger sachlecher a konstruktiver Positioun op der Schnëttstell vu Politik, Praxis a Fuerschung.

Mir hunn eng Rei thematesch Rapporte publizéiert, déi ënner Anerem eng curriculär Perspektiv presentéieren, wéi zum Beispill eis Rapporten zur Roll vum Bildungssystem bei der Virbereedung vu Kanner a Jugendlechen op d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert oder de Rapport zur Schoulreform vun 2009 am Enseignement fondamental. Mir schaffen aktuell u weideren Thematiken, déi ee potenziellen Afloss op d’Schoulprogrammer hunn. Beispiller heifir sinn eise Projet zum Enjeu vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Léier-, Unterrechts- an Evaluatiounsprozesser oder eis Recherchen an Analysen zur Leeschtungsbewäertung an der Schoul.

Wat de Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire ubelaangt, hat ech d’Éier, fir am Kader vum éischten COLAB am Kolléisch eng Keynote zum Sujet "Le profil du jeune adulte à l 'horizon 2040" ze halen. Donieft huet den Observatoire an der Persoun vum Jean-Marie Wirtgen ee Vertrieder am Comité de pilotage vun der Reform. 

D’Programmer vum Secondaire ginn adaptéiert. Wéi eng gréisser Entwécklungen an der Gesellschaft hunn dozou gefouert, datt dës Upassungen néideg sinn? 

Fir d’éischt mol ass eng Upassung vun de Programmer am Enseignement secondaire eng logesch Konsequenz vum neie Plan d’études am Enseignement fondamental, dëst am Sënn vun enger curriculärer Kontinuitéit.

Eis Gesellschaft an d’Beruffswelt erliewen Transformatiounen, déi ëmmer méi staark un Dynamik a Komplexitéit zouhuelen, an dat a ganz ënnerschiddlechen Domainen. Do denkt een natierlech un d’Entwécklungen am Beräich vun der digitaler Technologie an der Kënschtlecher Intelligenz, respektiv un een Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg, deen sech an engem Zäitraum vu knapps 2 Generatioune vun de Schwéierpunkte Siderurgie a Landwirtschaft an ee breet gefächerten Déngschtleeschtungssecteur transforméiert huet, dee mëttlerweil iwwer 80% vun der aktiver Populatioun beschäftegt. Donieft ginn et awer nach eng Rei aner gesellschaftlech Entwécklungen, déi sech an de Schoulprogrammer sollten erëmfannen. Stéchwierder sinn hei demokratesch Participatioun, geopolitesch Entwécklungen, Klimawandel an Energietransitioun, kulturell a sproochlech Diversitéit, Inklusioun, Mediekompetenz an net ze vergiessen déi physesch a mental Gesondheet vun eise Kanner a Jugendlechen.

Zeréck zum Consultatiounsprozess. Dir waart implizéiert beim éischte Collaborative Laboratory (CoLab) zum Theema “Profil vum Jonken am Joer 2040”. Wéi eng Kompetenze brauche Jonker, fir sech perséinlech a berufflech kënnen ze entfalen an un der Gesellschaft deelzehuelen?

Duerch déi rasant Entwécklungen an Transformatiounen entstinn ëmmer méi schnell nei Beruffsfelder a gesellschaftlech Realitéiten. Eis Schüler mussen an Zukunft a berufflechen a gesellschaftleche Kontexter eens ginn, déi mir haut nach net kennen, an d’Fachwësse vun haut ass muer zum Deel obsolet.  

Dat bedeit net, dass d’Schoul kee Fachwësse soll vermëttelen. Eng zolidd Wëssensbasis bleift indispensabel. Heizou gehéieren, niewent de Kulturtechniken, Grondlagen an den eenzelnen Disziplinne grad esou wéi kulturell Referenzen a gemeinsam Wäerter.  

Donieft mussen eis Schüler Kompetenze vermëttelt kréien, déi et hinnen erlabe, fir sech an Zukunft un ee variabelt an dynamescht Ëmfeld unzepassen a sech selwer weiderzeentwéckelen. Dës sougenannt Schlësselkompetenze sinn transversal an deemno net un ee spezifescht Fach gebonnen. Si sinn och multidimensional, dat heescht, si englobéiere Wëssen, Fäegkeeten an Haltungen. Beispiller vu Schlësselkompetenze si kritescht Denken a Problemer léisen, Kreativitéit, Kommunikatioun, Kollaboratioun an d’Metakognitioun, dat heescht d’Fäegkeet fir den eegene Léierprozess ze reflektéieren.  

Den Observatoire analyséiert dës Thematik am Detail a sengem ugangs 2026 publizéierten zweete Rapport zur Roll vum Bildungssystem bei der Virbereedung vu Kanner a Jugendlechen op d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. 

Wéi eng Aspekter sollte bei der Entwécklung vun den Programmer am Secondaire berücksichtegt ginn, fir déi Jonk beschtméiglech op d'Zukunft virzebereeden?

Mir sollten d’Ambitioun hu fir ee verstännegen Equiliber ze envisagéieren tëschent enger curriculärer Stabilitéit, dat heescht déi Elementer aus den aktuelle Programmer, déi wichteg a relevant bleiwen, an enger curriculärer Ouverture a Richtung vu Schlësselkompetenzen esou wéi pädagogescher an didaktescher Innovatioun.  

De Moderniséierungsprozess vun de Schoulprogrammer ass och dee richtege Kontext fir driwwer nozedenken, ob mir kéinten déi gewinnten Opdeelung a Schoulfächer zum Deel opbriechen an eis virstellen, dass et niewent dem fachspezifeschen Unterrecht och am Programm verankert Momenter gëtt, wou un interdisziplinäre Projete geschafft gëtt, wärend deenen d’Schüler déi Kompetenze mobiliséieren a weiderentwéckelen, déi si grad dee Moment brauchen, a wou den Enseignant d’Roll vum Léiercoach iwwerhëlt.  

Mir wëssen, dass et zu Lëtzebuerg Innovatioun am Klassesall gëtt. Transversal Themen,  projetsorientéierten Unterrecht, esou wéi formativ Evaluatioun an aner schülerzentréiert Konzepter sinn den Enseignante bekannt a ginn am Schoulalldag praktizéiert. Allerdéngs sinn dës Approche méi opwenneg an dacks am Widdersproch zu den zäitleche Contrainten, déi duerch d’Programmer imposéiert ginn. Hei bitt d’Moderniséierung vum Curriculum eng Opportunitéit fir driwwer nozedenken, wéi eng Ouverture mir an zukünftege Programmer fir innovativ Konzepter schafen, wéi verbindlech dës ginn a wéi eng Gewiichtung se kréien.

Ee weideren Aspekt ass d’Entwécklung vun der digitaler Technologie an der Kënschtlecher Intelligenz, déi an de Programmer inhaltlech muss berücksichtegt ginn. Doriwwer eraus bitt dës Technologie Potenzial fir esouwuel d’Schüler beim personaliséierte Léiere wéi och d’Enseignantë beim schülerzentréierten Unterrecht ze ënnerstëtzen. 

Gëtt et am Kader vun dësem Prozess eppes, wat Iech besonnesch um Häerz läit?

De Succès vun enger Curriculumreform hänkt finalement vun hirer Ëmsetzung am Klassesall of. Den Enseignant ass dobäi dee wichtegste Facteur. Dofir ass et a mengen Aen indispensabel fir d’Enseignante wärend deem ganze Consultatiounsprozess aktiv mat anzebannen. Hir fachlech, pädagogesch an didaktesch Wëssensbasis an hir Erfarung si wichteg Ressourcen am Moderniséierungsprozess vun de Schoulprogrammer. Hir ënnerschiddlech pädagogesch Iwwerzeegungen, éischter konservativ oder méi progressiv, sinn heibäi keen Hindernis, mee eng Plus-value, wann et drëms geet, fir an den neie Programmer eng gutt Balance tëschent curriculärer Stabilitéit an Ouverture ze fannen.

De Moderniséierungsprozess bitt och d’Geleeënheet fir sécherzestellen, dass d’Programmer net iwwerluede ginn an dass genuch Zäit fir eng méi schülerzentréiert pädagogesch Approche bleift.