6/21
Start vum Projet
En neie Léierplang fir den Enseignement fondamental
Den 18. Januar 2022 war mat enger Informatiounsversammlung den Optakt vum Consultatiounsprozess fir en neie Plan d’études am Enseignement fondamental. D’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT ass zesumme mam Bildungsberäich an dëse Consultatiounsprozess gestart.
Tëscht Februar 2022 an Abrëll 2023 goufen dofir eng ganz Rei Workshoppen an Entrevuen am Kader vum Projet “Plan d’études” koordinéiert an duerchgefouert.
Am Oktober 2023 gouf d’Wäissbuch (Whitepaper) presentéiert, dat d‘Aarbechten um neie Plan d'études guidéiert huet. Dës hunn am Schouljoer 2023-2024 mat der Elaboratioun vun der Rumm fir den neie Plan d’études gestart. D’Aarbechten um neie Plan d’études wäerte viraussiichtlech bis 2026 undaueren. Fir d’Schouljoer 2026/2027 soll de neie Plan d’études am Enseignement fondamental implementéiert ginn.
Op dëser Säit fannt Dir all d'Informatiounen iwwert de Projet “Plan d’études”. Dir kënnt suivéieren, wat bis ewell geschitt ass, a méi iwwer déi nächst Schrëtt an der Timeline gewuer ginn.
Firwat en neien Plan d'études
Net laang no senger Aféierung gouf dorobber higewisen a bedauert, dass dem Plan d’études vun 2011 d’pedagogesch-didaktesch Indikatioune feelen, déi d’Léierpersonal beim Schoulhalen ënnerstëtzen a guidéieren. Des Weideren ass kloer ginn, dass dem Dokument déi iwwergeuerdent Rumm feelt, déi déi zesummeféierend Zilsetzunge vum Enseignement fondamental erkläert an duerstellt, wéi d’Léierinhalter aus de verschiddenen Entwécklungs- a Léierberäicher zesummen dozou bäidroen, dass d’Kand sech ganzheetlech entwéckelt a Schlësselkompetenzen op- an ausbaut.
Säit der leschter grousser Bildungsreform vun 2009 an der Aféierung vum Plan d’études huet sech d’Welt natierlech och verännert. Déi lescht gréisser Adaptatiounen um Dokument „Plan d’études“ ginn op d’Joer 2011 zeréck. Duerno goufe Adaptatiounen um Plan d’études iwwer de Wee vu weidere Réglements grand-ducaux virgeholl, ënner anerem fir d’Aféierung vum Fach Vie et Société (2017), an dräi Joer méi spéit d’Aféiere vum Coding (Computational Thinking) am Fondamental. Dës Ännerungen, an och z.B. neit Franséischmaterial mat enger verännerter Approche fir d’Sprooch ze léieren (d‘Salut, c’est-Rei), si weider Grënn, fir dee Plan d’études, deen en vigueur ass, ze iwwerschaffen.
Dobäi kommen d’wëssenschaftlech Erkenntnisser am Hibléck op Léierprozesser a Léierresultater, déi an de PISA-Etuden an am Kader vun den Épreuves standardisées (EPSTAN) opkoumen a no geluecht hunn, fir de Plan d’études enger grondsätzlecher Revisioun z' ënnerzéien.
Wéi dunn d’Covid-Pandemie am Joer 2020 d’ganz Welt erfaasst huet, misst vun haut op muer huet d'Schoulhale anescht geduecht ginn – doheem, am virtuelle Raum, mol synchron, mol asynchron.
Zu deem Moment gouf däitlech, dass de Plan d’études, sou wéi en haut opgebaut ass, a Krisenzäiten nëmme bedéngt der Funktioun ka gerecht ginn, festzeleeën, wat prioritär muss traitéiert ginn. Wéi d’Léierpersonal gefrot gouf, déi geplangten Inhalter fir d’Schouljoer 2019-2020 op dat Wesentlechst ze reduzéieren, war net wierklech ersiichtlech, wat genee dat Wesentlechst am Plan d’études ass.
Op en Neits ass kloer ginn, dass dem Plan d’études, sou wéi en haut ass, d’Rumm feelt, déi eng kloer Visioun ausdréckt an als Kompass an enger Welt am Wandel déngt.
Dofir huet d’Divisioun fir Curriculumsentwécklung vum SCRIPT am Schouljoer 2020-2021 déi siwe Commissions nationales de l’enseignement fondamental (CNEF) an de Collège des Directeurs aus dem Fondamental zum Plan d’études consultéiert. Den 10. Juni 2021 hunn dës Acteuren dem Educatiounsminister Claude Meisch hir Avise presentéiert. Als nächste Schrëtt gouf de breede Consultatiounsprozess lancéiert an de ganze Bildungsberäich invitéiert, fir iwwer d’Programmentwécklung am Fondamental an d’künfteg Ausriichtung vun der Grondschoul matzediskutéieren. Dës Consultatioune hunn erginn, dass en neie Plan d'études sollt ausgeschafft gin.
Timeline vum Reformprojet
6/21 - 01/22
Preparation. De Projet gëtt an der Ekipp a mat verschidde Partner preparéiert.
01/22 - 04/23
Consultatiounsphas. 9 CoLaben a weider Workshops mat Akteuren aus dem Bildungsberäich, virun allem awer mam Léierpersonal an de Kanner
01/23 - 09/23
Analys a Synthees. D’Aussoe vun de Consultatiounen ginn analyséiert an syntheetiséiert,
wichteg Erkenntisser aus der Wëssenschaft ginn zesummengedroen.
03/10/23
Whitepaper fir en neie Plan d’études:
D’Haapterkenntnisser aus der Consultatiounsphas an déi grouss Leitlinne fir den neie Pan d’études ginn an engem Wäissbuch festgehal.
11/23 - 08/24
Verfaassen vum Kaderdokument. An dësem Deel vum Plan d'études wäerten déi grouss Zilsetzunge vum Fondamental beschriwwe ginn.
09/24 - 06/26
Den Haaptdeel vum PE gëtt geschriwwen.
Zesumme mat Aarbechtgruppe ginn d'Inhalter, d'Kompetenzbeschreiwungen an d'Sockelen festgeluecht.
09/23 - 06/26
Digital Plattform. Dës Plattform soll dem Léierpersonal d’Schaffe mam Plan d’études an Zukunft sou einfach wéi méiglech maachen.
02/26 - 06/26
Formatiounen. Formatiounen ginn ugebueden.
09/26
D’digital Plattform geet online.
09/26
Implementatioun. Den neie Plan d'études gëtt konkret an de Schoulen ëmgesat.


Enseignement fondamental