D'ENTWéCKLUNG VUM CURRICULUM
D’Entwécklung vum Curriculum zu Lëtzebuerg – de jonke Mënsch an den Zentrum vun de Reflexioune stellen
D’Entwécklung vum Curriculum an der Gesetzgebung
Am Kapitel 1 vum Gesetz vum 20. Juli 2023 iwwer d’Schoulflicht ginn d’Ziler an d’Grondwäerter vum Unterrecht wéi follegt definéiert: :
Art. 1er.
Tout enseignement contribue à transmettre à la personne qui en bénéficie, outre les connaissances et les compétences, le respect de soi et de son identité, le sens des responsabilités, le respect d’autrui, le respect du pluralisme des opinions et des convictions, le respect des valeurs d’une société démocratique fondée sur les droits fondamentaux et les libertés publiques, le respect de la culture nationale, le respect du pluralisme des cultures et le respect du milieu naturel. Il favorise l’épanouissement et l’autonomie de la personne,sa créativité, la confiance en ses capacités, le développement de ses dons et de ses aptitudes mentales et physiques, et ce dans la mesure de ses potentialités, sans distinction aucune. Il lui permet d’acquérir une culture générale et le prépare aux études ultérieures et à l’apprentissage tout au long de la vie, à la construction de sa propre vie et de la vie en société, à la vie professionnelle et sociale et à l’exercice de ses droits et de ses responsabilités de citoyen dans une société démocratique libre, et ce dans un esprit de compréhension, de paix, de respect, d’égalité entre les genres et d’amitié entre tous les peuples et groupes ethniques, nationaux, philosophiques et religieux. Il permet à la personne qui en bénéficie d’acquérir une culture dans la société contemporaine de l’information et de la communication et lui permet d’observer et de comprendre la société d’aujourd’hui et de demain ainsi que d’en saisir le fonctionnement et les enjeux qui l’attendent.
Dës Ziler, nieft der Vermëttlung vu Wëssen a Kompetenzen, enthalen och:

Aus dësem Grond ass e Programm ni neutral oder objektiv, weder op kulturellem nach op politeschem Plang.
Zu de gesetzleche Virschrëfte kommen d’Wënsch an d’Erwaardunge vun deenen dobäi, déi fir d’Ëmsetzung an de Klassesäll responsabel sinn an déi garantéieren, datt d’Méiglechkeet besteet, d’Wäerter, déi an engem Programm beschriwwe sinn, op eng lieweg Manéier z’erfuerschen, z’erklären an ze verstoen.
Fir datt dës Ziler, Wäerter a Virstellunge matenee konform ginn an d’Programmer den Erwaardungen an de Besoine vun allen Acteuren entspriechen, stellt de SCRIPT, iwwer d’Divisioun fir d’Curriculum-Entwécklung, en Ënnerstëtzungsorgan zur Verfügung, deem seng Missiounen déi follgend sinn:
- d’Aarbechte vun de nationale Programmkommissioune fir den Enseignement secondaire an Enseignement fondamental z’ënnerstëtzen an ze koordinéieren;
- Projeten zur Ausaarbechtung an d’Entwécklung vum Curriculum ze koordinéieren, z’ënnerstëtzen an ze evaluéieren, andeems d’Divisioun vum Curriculum den, vum Minister ernannten, Aarbechtsgruppen déi néideg Ressourcen an déi methodologesch Ënnerstëtzung zur Verfügung stellt;
- mat der Universitéit Lëtzebuerg an den nationalen an internationalen Organisatiounen a Partneren ze kollaboréieren, déi d’Curriculum-Entwécklung als Deel vun hire Missiounen hunn. (Gesetz vum 14. Mäerz 2017)
De Curriculum vum jonke Mënsch
De Curriculum vun enger Disziplin stellt e Referenzkader duer a soll sech un de Wäerter orientéieren, déi eng Gesellschaft wëllt fërderen. En offréiert e Léierplang, deen d’Prinzippien, Orientatiounen a Richtlinnen definéiert, souwéi eng pedagogesch Direktive fir d’Léieren an d’Formatioun vum jonke Mënsch.
D’Wäerter, Iddien a Schlësselkompetenzen, déi solle gefërdert ginn, sinn am Dokument „Visioun vum jonke Mënsch“ zesummegefaasst. Dës Visioun weist d’Potenzial vum Jonken, wat vun der Schoul gefërdert soll ginn. Dëst Potenzial soll sech am Programm vun all Disziplin erëmfannen, andeems verschidden Aspekter vun dëser Visioun an déi domat verbonne Schlësselkompetenzen ervirgehuewe ginn. All dës Facetten a Kompetenze ginn an der Schoul progressiv entwéckelt a fannen sech an der Visioun vum Kand an der Grondschoul erëm. Am Enseignement secondaire hëlleft de Canevas (Virlag) mat senge verschiddene Rubricken, d’Wäerter, d’Prinzippien an d’Finalitéite vun enger Disziplin ze illustréieren, andeems en e roude Fuedem bitt an d’Ëmsetzung an de Klassesäll erliichtert.
E Curriculum fir de jonke Mënsch auszeschaffen heescht, de Jonken an den Zentrum ze stellen an dobäi follgend Aspekter an all Iwwerleeung mat anzebezéien:
- D’Bäiträg vun der Disziplin zur Missioun vun der Schoul an der Gesellschaft am Kontext vun der Erzéiung vum Jonken,
- D’Verankerung vun der Disziplin am Curriculum vum Jonken als Ganzt,
- D’Ouverture vun der Disziplin fir Transdisziplinaritéit, souwuel horizontal wéi och vertikal.
Wann Dir méi iwwer déi verschidde Visioune vum jonke Mënsch an d’Schlësselkompetenze wëllt gewuer ginn, braucht Dir just op déi verschidden Titelen ze klicken.
Zoom op d’Geschicht – d’Entwécklung vum Curriculum am Laf vun der Zäit
1850 3 Schoulen op nationalem Niveau am Secondaire
De Programm vun all Schoul gëtt vun hirer interner Enseignantskonferenz festgeluecht.
Den Administrateur général de l’instruction publique validéiert de Programm.- 1960 Enseignantskonferenzen ginn duerch déi National Programmkommissiounen (CNES) ersat
D’Programmer ginn op nationalem Niveau vun den Enseignanten aus de verschiddene Fächer definéiert. - 1993 Schafung vum SCRIPT
Missiounen: D’Fuerschung an d’Innovatioun an de verschiddene pedagogesche Beräicher ze koordinéieren
Eng kontinuéierlech Analys an Evaluatioun vum Educatiounssystem duerchzeféieren.
- 2017 Restrukturéierung vum SCRIPT
Festleeë vun de Missioune vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum - 2018 A Kraaft triede vum Gesetz vum 13. Mäerz
Verankere vum curricularen Entwécklungsprozess am Gesetz,
Festleeë vun der Roll vun de CNES am curriculare Entwécklungsprozess.
- 2020Austausch tëscht SCRIPT an CNES
Ausschaffe vun engem Vademecum fir d’curricular Iwwerleeungen
- 2021 Ariichte vum Guichet an de CoLabs
Lancéiere vun der Websäit www.curriculum.lu
- 2024 Aktualiséierung vun der Websäit
Austausch tëscht SCRIPT, DGES an CNES


Enseignement secondaire
E Curriculum fir de jonke Mënsch auszeschaffen heescht, de Jonken an den Zentrum ze stellen an dobäi follgend Aspekter an all Iwwerleeung mat anzebezéien: