Virbereedungen fir d'Rentrée 2024-2025 - Projet Plan d'études

Preparatioun vun den Aarbechten fir den neie Plan d'études

Nom Kick-off vum 17. Mee 2024, iwwert dee mir hei scho bericht hunn, haten d’Aarbechtsgruppen de 27. Juni 2024 nees d’Geleeënheet, fir zesummenzekommen. D’Mataarbechter vun den Aarbechtsgruppe sinn iwwert d’Virbereedungsaarbechten, déi an der Curriculums-Divisioun gemaach gi sinn, informéiert ginn. Si kruten de Kader fir déi Konzepter, déi si duerno an den Aarbechte fir den neie Plan d’études leede sollen, virgestallt. 

Duerno kruten déi nei Mataarbechter d’Geleeënheet, fir sech zesumme mat hirem Binôme mat dësem Kader praktesch auserneenzesetzen.  Si konnte sech schonn éischt Gedanke maachen, wéi si hir Aarbecht wëllen inhaltlech an organisatoresch gestalten. Si hunn sech och doriwwer ausgetosch, wéi si déi verschidde pädagogesch Konzepter an Ziler an hire jeeweilegen thematesche Gruppen ëmzesetze kënnen.

E puer Woche méi fréi haten d’Aarbechtsgruppen och schonn un engem Teambuilding-Mëtteg deelgeholl. D’Curriculums-Divisioun freet sech doriwwer, dass d’Membere vun den Aarbechtsgruppe virun hirer Summervakanz schonn e gudden Abléck an hir Aufgabe kritt hunn, sou dass si vun der Rentrée u motivéiert an a beschter Stëmmung kënnen duerchstarten.