Aktuelle Stand vum Projet Plan d'études

 

An der Rentrées-Woch 2024-2025 sinn déi fënnef Groupes de travail ugelaf, déi Elementer fir den neie Plan d’études iwwerschaffen. Dës Gruppe gi vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT koordinéiert a bestinn zum Groussdeel aus Enseignanten, déi an ënnerschiddleche Cyclen um Terrain aktiv sinn. Déi fënnef Gruppe sinn:

  1. Sproochen (Alphabetiséierung, FR, DE, LU)
  2. Mathematik
  3. Geeschtes-, Sozial- a Naturwëssenschaften
  4. Beweegung a Gesondheet
  5. Konscht a Kultur 

Doniewent start d’Entwécklung vun der digitaler Plattform fir den neie Plan d’études. De Feedback vun Enseignantë wäert am Laf vum Prozess gefrot ginn, fir d’Plattform beschtméiglech un déi aktuell Besoinen unzepassen.

Schliisslech wäert de Volet vun der Informatioun a Formatioun lues ulafen. De Kontakt mam IFEN a weidere Stakeholder gëtt verdéift, fir sech op dat Schouljoer drop virzebereeden, wou d’Formatioun vum Léierpersonal soll starten an d’Informatioun iwwer déi verschidde Projetselementer intensivéiert soll ginn.

Fir ëmmer um leschte Stand ze sinn, abonnéiert Iech hei op d’Newsletter.