Den 20. November hu sech de SCRIPT an d'Programmkommissioune vum Fondamental (Commissions Nationales de l’Enseignement Fondamental) fir hir trimesteriell Reunioun getraff.

Dobäi goufen d'Avise beschwat, déi d'CNEFen zum Projet Plan d’études verfaasst hunn.
D'Programmkommissioune kruten zousätzlech e kuerzen Abléck wéi et mam Projet weidergeet,
a wéi hir zukünfteg Missioune kéinten ausgesinn.
Wat ass eng CNEF?
Wien mécht do mat?
Wou kann ech mech mellen?
Äntwerten op dës an op weider Froen, fannt Dir hei op curriculum.lu an der Rubrik CNEF


