Presentatioun vum neie Léierplang an der Chambre des Députés

De 24. Februar hunn de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, den neie Léierplang fir den Enseignement fondamental bei der Chambre des Députés presentéiert - dëst am Kader vun enger Reunioun vun der Commission de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse.  

D' Kommissiounsmemberen hunn den Effort vun den Bedeelegten appreciéiert, den neie Plan d’études géif sech gutt un déi nei gesellschaftlech Realitéiten adaptéieren. Och d’ Aféiere vu siwen transversalen Theemeberäicher, déi an déi scho bestoend Fächer integréiert ginn, gouf begréisst.  

Déi follgend transversal Theemefelder sollen am Kader vu mindestens 36 Unterrechtsstonne pro Schouljoer ab dem cycle 2 fächeriwwergräifend behandelt ginn:  

  • Kierperlech, mental a sozio-emotional Gesondheet ;  
  • Sexuell an affektiv Erzéiung ;  
  • Nohalteg Entwécklung, Ëmwelt a verantwortleche Konsum ;  
  • Medien, Digitales a Kënschtlech Intelligenz ;  
  • Wirtschaft, Finanzen a Liewensentscheedungen ;  
  • Kultur, Konscht a Patrimoine ;  
  • Demokratesch Citoyennetéit a Mënscherechter 

Och d’ Lancéiere vun der Digitaler Plattform plandetudes.lu am September 2026, déi den Enseignanten als Hëllefsmëttel dénge soll fir den neie Léierplang ëmzesetzen, huet Uklang bei de Commissiouns-Membere fonnt. 

Schonn am Summer soll d’ Léierpersonal Zougang op d’Plattform kréien, fir sech mat deem neien “Outil opérationnel” kënnen auserneenzesetzen.

Méi Informatiounen zum neie Plan d’études am Enseignement fondamental fannt Dir op curriculum.lu a script.lu souwéi op de Social Media-Plattformen vum Educatiounsministère a vum SCRIPT.