« Wéi kann d’Schoul déi Jonk op d’ Erausfuerderunge vun der Zukunft virbereeden? » : Den 10. Mäerz huet sech am Kader vum éischte CoLab alles ëm d’Theema “D’Profil vum Jonken 2040” gedréint. Mëttels Keynote-Speech an Ateliere gouf versicht, Pisten op dës Fro ze fannen. Knapp 100 Acteure vum Terrain hate sech ageschriwwen, fir un dësem Evenement am Athénée deelzehuelen.
No der Begréissung vum Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, huet de Pierre Stockreiser, Observateur beim Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS) e Keynote-Speech gehalen, déi de Kader gesat an d’Iwwerleeungen zum Profil vum jonken Erwuessenen am Joer 2040 beräichere sollt.
An den zwee Atelieren, déi fir all Grupp ofgehale goufen, huet sech alles em zwou Leitfroe gedréint: « Wéi eng Fäegkeeten, Haltung & Wäerter a Wësse brauche Schüler, déi de Schoulsystem am Joer 2040 an enger Welt am Wandel verloossen? » souwéi « Wou a wéi sinn dës Kompetenzen haut schonn an de Programmer verankert a wou a wéi kéinten se a Zukunft an der Schoul gestäerkt ginn?»
Wat dobäi erauskomm ass?
De Rapport zu dësem CoLab wäert am Laf vun dësem Schouljoer op curriculum.lu ze fanne sinn.
A wien Zäit a Loscht huet, och e Bäitrag zu dësem grousse Projet ze leeschten:
Den 28. Abrëll fënnt den zweete CoLab statt, bei dësem wäert d' Theema “Transversalitéit” behandelt ginn. Donieft gëtt et, wéi schonn am Virfeld vum CoLab 1, erëm e Sondage, deen als Virbereedung op dësen Dag déngt oder awer och dozou, Är Meenung zum Theema kënnen z’äusseren.
D’ Links fir sech iwwer den IFEN fir de CoLab 2 anzeschreiwen an/oder um Sondage deelzehuelen, souwéi weider Informatiounen zu dësem Evenement a nach vill méi Detailer ronderëm dëse breetgefächerte Prozess fannt Dir deemnächst hei um Site an op script.lu
De Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Secondaire, deen de Koalitiounsaccord 2023-2028 virgesäit, ass am Januar 2026 lancéiert ginn. D'Diskussioune vun dësem éischte CoLab fléissen zesumme mat de weidere geplangte Consultatiounsmomenter an e Whitepaper an, dee fir Oktober 2028 soll publizéiert ginn. An dësem Whitepaper ginn engersäits déi inhaltlech Schwéierpunkten an anerersäits déi organisatoresch Prozeduren a Prozesser festgehalen, déi fir d’Entwécklung vun engem kohärenten a zukunftsfäege curriculare Kader néideg sinn.


