Sondage - Transversalitéit (Deadline: 20. Abrëll 2026)

Am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire hutt Dir d'Méiglechkeet, fanne reegelméisseg Sondagë statt. Nom éischte Sondage zum Theema "Visioun vum Jonken 2040" hutt Dir elo d'Méiglechkeet, um zweete Sondage deelzehuelen. Dës Blëtz-Ëmfro befaasst sech mam Theema „Transversalitéit“ an deenen Elementer, déi mam Bléck op d’Zukunft vun der Schoul eng Roll spille kënnen. 


De Sondage ziilt drop of, méi iwwer Är Virstellungen zu Forme vum transversale Léieren, esouwéi iwwer seng Virdeeler an Erausfuerderungen an Ärem Schoulkontext gewuer ze ginn. Froen aus dem éischte Questionnaire ginn hei deelweis opgegraff, fir méi an d'Déift vun den Thematiken ze goen. Verschidden Elementer wäerten am Kader vum 2. CoLab verdéift ginn.

Mat dëser Ëmfro kritt Dir deemno d‘Méiglechkeet, Iech zu der genannter Thematik matzedeelen. Dëst entweder generell oder wann Dir net um éischte CoLab-Workshop, deen den 28. Abrëll zum selwechte Schwéierpunkt stattfënnt, kënnt deelhuelen. E kann Iech och als Virbereedungsméiglechkeet op dëse Workshop déngen. 

Dir kënnt dëse Sondage bis den 20. Abrëll 2026 op lëtzebuergesch, franséisch oder englesch ausfëllen. 

📝Sondage Transversalitéit 

Dauer: 10-15 Minutten 

Deadline: Freides, de 24. Abrëll 2026 

👤Public cible: Edukatiivt, psychosoziaalt an administratiivt Personal aus dem Beräich vum Enseignement secondaire (ESC, ESG), de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental  

  

Dir wëllt den 28. Abrëll um CoLab-Workshop zum Theema „Transversalitéit“ deelhuelen? Dann mellt Iech bis de 24. Abrëll 2026 iwwer dëse Link un: 

👉👤 Umeldung Workshop : CoLab 2 - Transversalitéit 

  

Dir hutt weder Zäit, op dësem Workshop deelzehuelen nach de Sondage auszefëllen? Kee Probleem! Bis 2028 wäerten ëmmer nees CoLabs organiséiert a Sondagen zu verschiddenen Theeme verschéckt ginn. Si sinn ee wichtegt Element vum Consultatiounsprozess fir d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, fir Input vum Terrain ze sammelen. Dës Sondagë ginn op www.curriculum.lu verëffentlecht.