Ab der Rentrée 2026/2027 geet déi nei Mandatsperiod vun de Commissions nationales de l’enseignement fondamental (CNEF) un, an et ginn am Virfeld nei Membere fir déi siwe Kommissioune gesicht.
Dir sidd Enseignant a géift gär Impulser setze fir den Enseignement Fondamental ? Zu de Missiounen zielen nieft dem Plan d’études och den Iwwergang an de Secondaire souwéi weider Voleten.
Bis de 15. Juli kënnt Dir Är Kandidatur fir e Posten als Membre effectif erareechen ënner cnef@script.lu.
Detailer zum Rekrutement esou wéi eng Virlag vun der Lettre de Candidature fannt Dir op www.curriculum.lu.


