Am Schouljoer 25-26 konnte verschidde Projeten, déi vu Coordinateure vun der Divisioun fir d'Entwécklung vum Curriculum begleet goufen, ofgeschloss ginn. Hei en Abléck op ee vun dësen Projeten:
Den Aarbechtsgrupp TRAPE huet d'Ausschaffe vun den neie Programmer a Materialien ofgeschloss. D'Resultat ass en neie Kader fir de Travail de recherche, deen ab dem kommende Schouljoer an de Sektioune GACV, GSH, GSN, G3S a GSO zum Asaz kënnt.

Déi nei Programmer baséieren op de groussen Orientéierungen, déi am Kader vum Reflexiounsprozess an engem enken Austausch mam Terrain definéiert goufen. Si goufen un den aktuellen edukative Kontext ugepasst, besonnesch am Hibléck op d'Entwécklunge ronderëm d'kënschtlech Intelligenz. Als gemeinsame Referenzkader déngt e sektiounsiwwergräifende Programme directeur, deen déi gemeinsam Grondlage fir de Travail de recherche festleet an dobäi genuch Flexibilitéit léisst, fir de Spezifizitéite vun den eenzele Sektioune gerecht ze ginn.
Nieft de Programmer goufen och d'Begleetmaterialie grondsätzlech iwwerschafft. De fréiere Vadémécum gouf duerch kuerz, praxisorientéiert Ënnerlagen ersat, déi Enseignanten a Schüler bei der Ëmsetzung vum Programm ënnerstëtzen. Zousätzlech stinn nei Fichen zum Asaz vun der kënschtlecher Intelligenz zur Verfügung. Och d'Modalitéite vum Noexamen (Travail de vacances) goufen un déi nei Struktur vum TRAPE ugepasst.
De konstruktiven Austausch tëscht de Vertrieder vun de verschiddene Sektiounen huet wesentlech zum Gelénge vum Projet bäigedroen. Mat den neie Programmer an Ënnerlage steet elo e gemeinsame Kader zur Verfügung, deen d'Ëmsetzung vum Travail de recherche an de betraffene Sektioune vereinfacht an dobäi genuch Spillraum fir hir jeeweileg Besoine léisst.


