Refonte vun der Sektioun GSO

Am Schouljoer 2026/27 starte vill nei Projeten, déi vun der Curriculums-Divisioun begleet ginn. D’Refonte vun der Sektioun GSO (Sciences sociales) ass ee vun 2 gréissere Konzepter, déi mir Iech op dëser Plaz virstellen.  

D’Zil vun der GSO-Refonte ass et, de Profil vun der Sektioun ze schäerfen an d’Kohärenz an d’Komplementaritéit tëschent de verschiddenen Disziplinnen ze stäerken. Dobäi gëtt och analyséiert, wéi d’Disziplinne besser openeen ofgestëmmt an transversal souwéi interdisziplinär Approchë gefërdert kënne ginn.  

An enger éischter Phas schafft e Groupe de pilotage, zesumme mam SCRIPT an am enken Austausch mat der CNES, e gemeinsame Kader fir d’Refonte aus. Am Groupe de pilotage kommen déi verschidde fachlech Perspektive vun de, fir d’Sektioun zentral, Fächer zesummen. D’Memberen droen domat zu enger gemeinsamer, fächeriwwergräifender Reflexioun bäi a suergen dofir, datt d’Entwécklung vun der Sektioun als Ganzt am Bléck bleift. Dofir ginn déi aktuell Programmer analyséiert an d’Besoine vun de concernéierten Acteuren erhuewen. Doraus ginn déi gemeinsam Orientéierungen a Prioritéite fir d’Weiderentwécklung vun der Sektioun ofgeleet. 

Dëse Kader déngt uschléissend als Basis fir déi fachspezifesch Aarbechtsgruppen, déi d’Programmer vun de verschiddenen Disziplin iwwerschaffen an, jee no Besoin, passend didaktescht Material auswielen oder entwéckelen. De Groupe de pilotage an de SCRIPT begleeden dëse Prozess transversal a suergen dofir, datt déi verschidden Aarbechte kohärent openeen ofgestëmmt sinn an zur Weiderentwécklung vun der GSO als Ganzes bäidroen.