Wéi koum et zum Projet?
De Projet “Plan d’études” fënnt säin offiziellen Ufank den 10. Juni 2021. Déi 7 Programmkommissiounen an de Collège des directeurs aus dem Fondamental hunn dem Educatiounsminister Här Claude Meisch hir Avisen zum aktuelle Plan d’études virgedroen an op verschidden Aspekter higewisen, déi net méi zäitgeméiss oder adaptatiounsbedürfteg wieren. D’Pandemie huet munnech vun dësen Aspekter och méi däitlech ervirgehuewen. Doropshin huet den Här Educatiounsminister annoncéiert, fir de participative Consultatiounsprozess ronderëm ee künfteg adaptéierten oder neie Plan d’études ze ënnerstëtzen.
De CoLab-Workshop am Consultatiounsprozess
D’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT huet dëse Consultatiounsprozess ronderëm e neie Plan d’études als Optrag opgeholl a weidergefouert. Den 18. Januar 2022 huet dës éischt Informatiounsversammlung iwwer de Prozess an iwwer déi geplangte CoLab-Workshops stattfonnt – an engem éischte Schrëtt fir de Bildungsberäich. De Projet “Plan d’études” ass als transparenten a participative Prozess viséiert, an deem d’Stëmme vum Terrain d’Basis fir d’Diskussioun duerstellen. D’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT bitt dofir Workshops am CoLab-Format (Collaborative Laboratories) un, eng international bewäert Aart a Weis, fir zesummen ze schaffen. Heibäi gëtt zesumme gebrainstormed an ee Konsens ugestrieft. E CoLab-Workshop leeft an insgesamt 5 Phasen of:
Déi fënneft Phas vun der Dokumentatioun geschitt eréischt nom CoLab-Workshop selwer, ass awer e festen Deel vum Prozess, fir de CoLab ofzeschléissen.
D’Participanten vun dëse CoLab-Workshops
Déi dräi zentral Consultatiouns-Acteuren am Prozess ronderëm e neie Plan d’études sinn d’Vertrieder aus dem Bildungsberäich, d’Elteren a natierlech d’Kanner. An engem éischte Schrëtt sinn am Schouljoer 2021/2022 an 2022/2023 sechs verschidde CoLab-Workshops mam Bildungsberäich viséiert. Zum Bildungsberäich zielen all d’Léierpersonal an dat edukatiivt / psychosozialt Personal aus der Grondschoul an de Kompetenzzentren sou wéi d’Enseignanten aus dem Secondaire. D’Themen vun dëse CoLab-Workshops baséieren op de Retouren vun de verschiddenen Acteuren, déi sech schonn zum Plan d’études geäussert hunn:
Dës CoLab-Workshops gi vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT encadréiert, déi den Input sammelen an dono an ee Rapport zesummefaassen, deen op www.curriculum.lu publizéiert gëtt. Den Inhalt vun dëse Rapporte stellt eng Basis duer, op där weiderféierend Diskussioune ronderëm de neie Plan d’études kënne gefouert ginn. Dofir ginn dës Rapporte u verschidde Partner geschéckt, fir hiren Avis zum gesammelten Input ze froen. Nodeems déi vill verschidde Stëmmen gehéiert goufen, wäert et an engem zukünftege Schrëtt dorëms goen, d’Konzept an den Inhalt vun engem neie Plan d’études a méiglecherweis vun engem lëtzebuerger Curriculum ganz konkret unzedenken.
D'Infoveranstaltung
Wann Dir u weideren Informatiounen ronderëm de Projet “Plan d’études” interesséiert sidd, kënnt Dir iech d’Informatiounsversammlung vum 18. Januar 2022 nodréiglech hei drënner ukucken (Dauer: 38 Min.). Den Educatiounsminister Här Claude Meisch an den Direkter vum SCRIPT Här Luc Weis féieren an dës Versammlung an. Duerno stellt d’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT de Prozess ronderëm de neie Plan d’études vir.
D'Infoversammlung war am Forum Geesseknäppchen, den 18. Januar 2022 vun 17 bis 18 Auer.
Source: Vimeo
OPGEPASST: D'Datumer vun den CoLabs 2 an 3 hu geännert.