Dräi grouss Etappen am Projet 'Plan d’études 2025' konnten fir d’Rentrée 2023/2024 ofgeschloss ginn:

  1. De Consultatiounsprozess mam Terrain
  2. D’Analys vun alle gesammelten Informatiounen
  3. D’Synthees dorauser, déi elo als Whitepaper virläit!

Am Whitepaper mam Titel “Een neie Plan d’études fir den Enseignement fondamental” ginn déi grouss Linne virgestallt, déi fir den neie Plan d’études solle richtungsweisend ginn: D’Rumm vum neie Plan d’études, déi fënnef Schlësselkompetenzen (Multiliteracy-Kompetenz, Selbstkompetenz, Sozialkompetenz, Reflexiounskompetenz an Transformatiounskompetenz) an déi véier Pilieren (Wuelbefannen, Participatioun, Méisproochegkeet an Digitalitéit), op deenen den neie Plan d’études wäert opgebaut ginn.

Am Whitepaper gëtt doriwwer eraus erkläert, dass den neie Plan d’études fir d’Rentrée 2026/2027 wäert implementéiert an eng digital Plattform säin Dréi- an Angelpunkt wäert ginn.

Mir freeën eis, Iech dëse Whitepaper kënnen ze presentéieren. Dir fannt en hei op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

EF ou ES
EF