Enseignement fondamental

Aktuelle Stand vum Projet

''

Du bass interesséiert hei matzeschaffen? Dann kuck hei!

Dëse Wanter (2023-2024) entsteet d’Rumm vum Plan d’études. Aktuell ginn d’thematesch Bausteng fir dëst iwwergeuerdnet Gerüst vum Plan d‘études festgeluecht a konkret weiderentwéckelt. Als éischt wäert d’Rumm fir d’Zilgrupp "Enseignants" geschriwwe ginn, duerno wäerten och d’Versioune spezifesch fir d’Elteren an d’Kanner entstoen. Wann d’Gerüst vun der Rumm fir d’Enseignante steet, wäerten dozou iwwert ee cibléierte Consultatiounsprozess nach emol Avisen ageholl ginn.

Zu den nächste Schrëtt gehéiert et, un de konkrete Inhalter vum Plan d’études ze schaffen. Dofir ginn e.a. Aarbechtsgruppen opgestallt. De Rekrutement leeft zënter Januar 2024.

Parallell ginn och d’Funktionalitéite vun der zukünfteger digitaler Plattform definéiert. 

Fir ëmmer um leschte Stand ze sinn, abonnéiert Iech hei op d’Newsletter.