CNEF
CNEF steet fir "Commissions nationales de l'enseignement fondamental". Duerch d’Gesetz vum 13.Mäerz 2018 iwwer den Développement curriculaire vun der Education nationale si siwen national Programmkommissioune fir den Enseignement fondamental geschafe ginn, déi sech aus Enseignanten aus dem Fondamental a Membere vun de Regionaldirektiounen zesummensetzen.
Iwwert cnef@script.lu kënnt Dir d'Membere kontaktéieren.
Optrag
All Programmkommissioun couvréiert e bestëmmte Léier-an Entwécklungsberäich aus dem Enseignement fondamental. D’Kommissioune beroden de Minister ënner anerem iwwert de Plan d’études, d‘didaktescht Material, d’pädagogesch Methoden, d’Evaluatioun, d’Epreuves communes, extern Evaluatioune vum Fondamental an d‘Formatioun vum Léierpersonal an der Grondschoul. De Fonctionnement vun de CNEFe gëtt iwwert e Règlement grand-ducal festgeluecht.
Fir déi nei Mandatsperiod 2026-2030 gi nei Membere fir d'CNEF gesicht. Sidd Dir interesséiert? Hei fannt Dir den aktuelle Rekrutement souwéi eng Virlag mat enger Lettre de candidature.
Hei fannt Dir de Rapport vun de CNEFe fir d'Joere 2018-2021.
Memberen
CNEF 1.
Le langage, l’alphabétisation, les langues allemande, française et luxembourgeoise, l’éveil et l’ouverture aux langues
CNEF 2.
Les mathématiques
CNEF 3.
La découverte du monde, l’éveil aux sciences, les sciences humaines et naturelles
CNEF 4.
L’expression corporelle, la psychomotricité et la perception, les sports et la santé
CNEF 5.
L’éveil à l’esthétique, à la création et aux cultures, les arts et la musique
CNEF 6.
La vie en commun et ses valeurs
CNEF 7.
Le cycle 1 : l’éducation précoce et préscolaire



Enseignement fondamental