Kick-off vun den Arbechtsgruppen

De 14. Mee 2024 sinn déi nei rekrutéiert Membere vun den Aarbechtsgruppen op Walfer ageluede ginn, dëst fir den offizielle “Kick-off” vum Iwwerschaffe vum Plan d’études. 

Déi fënnef Aarbechtsgruppe bestinn aus jeeweils zwee Coordinateuren a véier bis sechs Memberen. Si sinn thematesch  opgestallt: Sproochen, Mathé, Geeschtes- Sozial- an Naturwëssenschaften; Konscht a Kultur; Beweegung a Gesondheet.  

De Kick-off war d’Geleeënheet fir d’Madame Francine Vanolst, Chef vun der Direction générale de l’Enseignement fondamental a fir den Här Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, fir déi nei Mataarbechter wëllkomm ze heeschen an hinnen en éischten Abléck an hir zukünfteg Missiounen ze ginn. Fir d’Francine Vanolst ass de Plan d’études d’Wirbelsäil vun der Grondschoul an et ass wichteg, dass dëse regelméisseg iwwerschafft gëtt, fir en un déi aktuell an sech an Zukunft undeitend gesellschaftlech Entwécklungen unzepassen. De Luc Weis huet erkläert, dass de Plan d’études sech ronderëm déi 4 Piliere wäert organiséieren, déi am Whitepaper festgehale gi sinn: d’Wuelbefannen, d’Partizipatioun, d’Méisproochegkeet an d’Digitalitéit. D’Endprodukt soll en Outil sinn, dee selbsterkläerend ass an an der alldeeglecher Preparatioun dem Léierpersonal eng Hëllef duerstellt. Et soll an Zukunft och méi einfach sinn, mat Hëllef vum Outil Plan d’études mat den Elteren an de Kanner iwwer d’Léierziler vun der Grondschoul ze schwätzen.  
Den Här Halldor Halldorsson, Responsabel vun der Curriculumsdivisioun, huet de Werdegang vun dësem Projet an d’Zäitschinn vun den nächsten Méint a Jore virgestallt. Duerno haten all d’Mataarbechter vun den Aarbechtsgruppen d’Méiglechkeet, sech an Ateliere kennenzeléieren an éischt Gedanken iwwert de Plan d’études auszetauschen.  

Eng vun den éischte Missioune vun den Arbechtsgruppe wäert et sinn, d’Finalitéite vun hirem jeeweilege Léier- an Entwécklungsberäich fir all Cycle ze definéieren, a sech dobäi op d’Avise vun de Programmkommissiounen ze baséieren. Si wäerte bei all hiren Aarbechte vun der Rumm, dem zukünftege Plan-cadre vum Plan d’études, guidéiert ginn. Opbauend ginn d’transversal an d’fachspezifesch Theemen, d’Progressiounen, déi pedagogesch an didaktesch Prinzippien an all weider Elementer vun de Léier- an Entwécklungsberäicher, passend zu de kognitiven Entwécklungsphasen vun de Kanner, fir all Beräich definéiert.

De Mëtte gouf mat engem gemittleche Patt ofgeschloss, wou sech gemeinsam op dës spannend a motivéierend Missioun gefreet ginn ass.