Neies vun der digitaler Plattform

Déi digital Plattform soll zäitgläich mat der Aféierung vum Plan d’études online goen. 

Et ass wichteg, dass den End-Utilisateur, nämlech d’Enseignanten, an enger ganz fréier Phase vun der Entwécklung vun dësem neien Outil mat agebonne gëtt.  Dofir organiséiert d’Ekipp vun der digitaler Plattform momentan “walk-throughs” a “user stories” mat  Enseignanten uechter d’Land, déi net all digital-affin sin. Sou kënnen  alleguerten d’Besoine berücksichtegt ginn. 

Déi digital Plattform ass an éischter Linn fir d’Léierpersonal geduecht, mee soll schrëttweis och dem breede Public de Plan d’études méi no bréngen. An enger éischter Entwécklungsphas wäert déi digital Plattform de Plan d’études zäitgeméiss, praktesch an innovativ duerstellen. D’Léier- an Entwécklungsberäicher ginn iwwersiichtlech a verständlech präsentéiert. D’Kohärenz innerhalb vun engem Cycle an tëschent de Cyclë soll kloer a logesch duergestallt ginn.

Du bass och interesséiert un engem “walk-through” Deel ze huelen? Da mell Dech op curriculum@script.lu